From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Héiss (och alt ënner dem franséischen Numm Jarret oder deem däitschen (Schwéngs)-hachs oder -hax bekannt) ass dat ënnescht Been vun engem Schwäin, also dat Stéck tëscht dem Knéigelenk an dem Fousswuerzelgelenk.
Eng Héiss ass gutt duerchwuess, a ronderëm ass eng zolidd Couche Fett. D'Fleesch huet e gudde Goût, muss awer méi laang gekacht ginn, bis et mëll ass. Héisse gi meeschtens gesolpert a ginn, nodeem se gekacht goufen, zesumme mat Gromperen an/oder Sauermous zerwéiert.
Besonnesch an däitschsproochege Länner zielt d'Héiss ënner dem Numm "Eisbein" zu de Kichespezialitéiten.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.