Gustav Robert Kirchhoff
däitsche Physiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gustav Robert Kirchhoff gebuer den 12. Mäerz 1824 zu Königsberg a Preisen, haut Kaliningrad, a gestuerwen de 17. Oktober 1887 zu Berlin, war en däitsche Physiker deen haaptsächlech Fuerschungen an der Elektrizitéit gemaach huet.
Gustav Robert Kirchhoff | |
---|---|
Gebuer |
12. Mäerz 1824 Königsberg |
Gestuerwen |
17. Oktober 1887 Berlin |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Physiker, Chimist, Ingenieur, Mathematiker |
Member vun | Royal Society, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences, Royal Society of Edinburgh, Accademia delle Scienze di Torino |
Hien huet vun 1842 bis 1847 Mathematik a Physik op der Universitéit vu Königsberg studéiert. Vun 1850 bis 1854 huet hien op der Universitéit vu Breslau geschafft, an ass duerno op Universitéit vun Heidelberg gaangen, fir dann 1875 Professer fir theoreetesch Physik op der Humboldt-Universitéit Berlin ze ginn
De Kirchhoff ass bekannt fir seng Reegele vun den elektresche Stroumkreesser, déi d'Ofhängegkeet vun der Spannung vum Stroum a vum Widderstand uginn, a grondleeënd fir den Opbau an d'Analys vun elektresche Schaltungen a fir d'Elektrotechnik sinn.
Hien huet zesumme mam Robert Wilhelm Bunsen den Caesium an de Rubidium entdeckt.