![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/6/65/PhilippGunther.jpg/640px-PhilippGunther.jpg&w=640&q=50)
Gunther Philipp
éisträichesche Sportler, Dokter, Dréibuchauteur a Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gunther Philipp, gebuer als Gunther Placheta den 8. Juni 1918 zu Maroshévíz, Éisträich-Ungarn, a gestuerwen den 2. Oktober 2003 zu Bonn, war en éisträichesche Sportler, Dokter, Dréibuchauteur a Schauspiller.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Gunther Philipp | |
---|---|
![]() De Gunther Philipp (1970) | |
Gebuer | 8. Juni 1918 |
Gestuerwen |
2. Oktober 2003 Bad Godesberg |
Nationalitéit | Éisträich |
Educatioun | Universitéit Wien |
Aktivitéit | Schauspiller, Dréibuchauteur, Neurolog, Autospilot, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schwëmmer, Dramatiker, Kabarettist |
Partei | NSDAP |
![]() |
Zoumaachen
Nodeem de Gunther Philipp seng Praxis als Dokter opginn hat, huet hien an iwwer 140 TV- a Kinosfilmer matgespillt.
A senger Jugend war hien e grousse Sportler. Hien hat méi wéi 14 Joer laang den éisträichesche Rekord am 100-m Brasse. 1962 an 1963 war hien éisträichesche Meeschter am Automobilsport an der Gran Turismo-Klass.