D'Bieren oder Groussbieren (Ursidae) sinn eng Mamendéierfamill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren (Carnivora).
Bieren | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Bronge Bier | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Ursidae Fischer, 1817 | |||||||||||||||
Gattungen | |||||||||||||||
Ursus |
Déi meescht Biere sinn Allesfrësser an erniere sech vu Planzen an Déieren. Meeschtens huele si wat se kréien, wéi Planzen, Friichten, Hunneg, Insekten a Fësch. Well si schlecht Oueren an Aen hunn, hëllefe si sech mam Gerochsënn fir hiert Friessen ze fannen.
De Bier ass kräfteg gebaut an huet stämmeg Been. Un all Fouss huet e fënnef schaarf Kralle fir ze gruewen, ze klammen a fir säi Friessen ze zerrappen. Dat kräftegt Gebéck huet onspezialiséiert Zänn fir verschidden Zorte Friesse kënnen ze zerknaen. Biere kënnen zimmlech séier lafen a sech op zwee Been opriichten.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Ursidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.