From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Grouss Séien, op englesch Great Lakes an op franséisch Grands Lacs genannt, sinn eng Rei Séisswaasserséien an Nordamerika op der Grenz tëscht Kanada an den USA, déi duerch verschidde Waasserweeër an de Saint-Laurent-Floss mam Atlanteschen Ozean verbonne sinn. Déi fënnef Séien, de Lake Superior, de Michiganséi, den Huronséi, den Erieséi an den Ontarioséi sinn déi gréisst Grupp vu Séisswaasserséien op der Äerd. Si enthalen 21 % vun de weltwäite Séisswaasserressourcen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Grousse Séien an Nordamerika. Fir déi an Afrika, kuckt wgl. Grouss Séien (Afrika). |
D'Séien hunn eng total Fläch vun 244.106 km² a sinn domat ongeféier sou grouss wéi Groussbritannien. An hinne leien ëm déi 35.000 Inselen, woubäi Manitoulin déi gréisst Banneséiinsel op der Welt ass.[1]
Lëtzebuergeschen Numm | Engleschen Numm | Franséischen Numm | Fläch | Waasservolume | Duerschnëttsdéift | Maximaldéift |
---|---|---|---|---|---|---|
/ | Lake Superior | Lac Supérieur | 82,100 km2 | 12,100 km3 | 147 m | 406 m |
Michiganséi | Lake Michigan | Lac Michigan | 58,000 km2 | 4,900 km3 | 85 m | 282 m |
Huronséi | Lake Huron | Lac Huron | 59,600 km2 | 3,500 km3 | 59 m | 229 m |
Erieséi | Lake Erie | Lac Érié | 25,700 km2 | 480 km3 | 19 m | 64 m |
Ontarioséi | Lake Ontario | Lac Ontario | 19,000 km2 | 1,600 km3 | 86 m | 244 m |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.