From Wikipedia, the free encyclopedia
De Great Western Railway (GWR) war eng Eisebunnsgesellschaft a -linn an England, déi 1833 gegrënnt gouf. Si war ënner dem Impuls vun der Stad Bristol entstanen, déi en Uschloss u London gesicht huet, fir d'Positioun vun hirem Hafe géint d'Konkurrenz vu Liverpool ze stäerken.
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Chefingenieur fir d'Eisebunnslinn ze baue war den Isembard Kingdom Brunel, deen am Alter vun nëmme 27 Joer dat fir déi Zäit technescht Monsterwierk realiséiert hat. Den Entworf a Bau vun de Lokomotive war vum Daniel Gooch.
Den éischten Deel vun der Linn ass 1838 tëscht London-Paddington an Teplow opgaangen. Déi voll Distanz vu London op Bristol (bal 200 km) war vun 1841 u befuerbar. An de follgende Jore si vill Säitelinnen opgaangen.
Am Ufank hat d'Linn eng Spuerbreet vun 2140 mm. Bis 1892 gouf se dann op d'Normalspuer von 1435 mm ëmgebaut.
Nom Railways Act vun 1921 huet se zu de sougenannte Big Four gehéiert, bis se 1948 grad wéi déi aner verstaatlecht gouf.
Commons: Isambard Kingdom Brunel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.