![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/5c/Witten_Zentralbibliothek_Graphic_Novels.jpg/640px-Witten_Zentralbibliothek_Graphic_Novels.jpg&w=640&q=50)
Graphic Novel
From Wikipedia, the free encyclopedia
Graphic Novel, och alt Comicroman oder graphesche Roman (fr: roman graphique), ass eng Bezeechnung fir eng bestëmmt Zort vu Comics (Bande-dessinéeën), déi aus den USA iwwerholl gouf, a gewéinlech där mengt, déi sech un en éischter erwuessene Publikum riichten, an déi eng eepesch, deels komplex Geschicht erzielen. De Begrëff ass deemno geduecht fir se vu Comics fir Kanner a Jugendlecher z'ënnerscheeden (wat mat e Grond ass, datt net jiddereen en akzeptéiert).
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/5c/Witten_Zentralbibliothek_Graphic_Novels.jpg/640px-Witten_Zentralbibliothek_Graphic_Novels.jpg)
De Begrëff gouf an den Enn 1970er/uganks 1980er Joren duerch dem Will Eisner säin A contract with God populär.