Uertschaft an der Gemeng mam selwechten Numm From Wikipedia, the free encyclopedia
Goes [xu:s] ass eng Stad a Gemeng am Südweste vun Holland, op der fréierer Insel Zuid-Beveland, an der Provënz Zeeland. D'Gemeng hat ufanks 2023 ronn 39.000 Awunner, wouvun der ronn 30.000 an der Stad selwer liewen.
Goes | |
---|---|
Land | Holland |
Awunner | 38.950 (2022) |
Fläch | 15,385 km² |
Koordinaten | 51°30'N, 3°53'O |
Telefonszon | 0113 |
Postcode | 4460–4483 |
Uertschafte mat iwwer 1.000 Awunner an der Gemeng sinn: Kloetinge, Wolphaartsdijk, 's- Heer Arendskerke, 's- Heer Hendrikskinderen. Ausserdeem gëtt et nach eng Rëtsch méi klenger.
Goes ass am 10. Joerhonnert entstanen. Schonn am 12. Joerhonnert goufe Mäert do ofgehalen. 1405 krut Goes d'Recht op eng eege Jurisdiktioun. 1417 huet d'Jakobäa vu Bayern Goes d'Recht ginn, eng Stadmauer ze bauen. 1554 ass d'Stad mat hiren Holzhaiser verbrannt a gouf duerno nees opgebaut. Am Achtzegjärege Krich ass Goes 1577 an d'Hänn vun den Hollänner gefall. Dës hunn d'Stad befestegt. 1868 gouf d'Eisebunn gebaut, an 1980 gouf eng Zone industrielle amenagéiert (ë. a. eng grouss Frittefabréck).
(Quell:Statline)
Commons: Goes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.