Globaliséierung
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Wuert Globaliséierung entsprécht dem eegene franséischen Ausdrock Mondialisation a gouf eréischt zanter den 1990er Joren zu engem Begrëff. Dorënner versteet een déi international Verflechtung a ville Beräicher, haaptsächlech, mä net nëmmen, an der Wirtschaftspolitik, der Léier iwwer d'Gesellschaft (Soziologie), der Kommunikatiounstechnik an a Verbindung mat der Ëmweltproblematik. Mat där internationaler Verflechtung, déi ëmmer méi grouss gëtt, stelle sech der Wëssenschaft nei Ufuerderunge bei ville Problemer, déi net méi eleng op lokalem oder nationalem Niveau gesinn oder geléist kënne ginn.