From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Giuseppe Arcimboldo, gebuer ëm 1526 zu Mailand, an och do den 11. Juli 1593 gestuerwen, war e Moler vun der Spéitrenaissance, speziell vum Manierismus. Hien ass berüümt fir seng Portraiten, déi aus Uebst, Geméis, Fësch oder soss Objeten zesummegesat sinn.
Hie war Ufanks Moler um Wiener Haff, ënner de Keesere Ferdinand I., Maximilian II. a Rudolf II.. 1570 goung en op Prag op den Haff, wou en nieft der Molerei och als Ingenieur, Kostümzeechner a Museker aktiv war, zoustänneg fir Fester z'organiséieren. Nëmmen en Deel vu senge Wierker si bis haut erhale bliwwen.
Am 20. Joerhonnert gouf seng Konscht vun de Surrealisten, absënns dem Salvador Dalí, erëmentdeckt.
Den Asteroid (6556) Arcimboldo gouf no him genannt.
Commons: Giuseppe Arcimboldo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.