Buch vun der Tracy Chevalier From Wikipedia, the free encyclopedia
Girl with a Pearl Earring ass e Roman vun der US-amerikanescher Schrëftstellerin Tracy Chevalier, dee fir d'éischt bei Dutton Books de 27. Dezember 1999 erauskoum.
Girl with a Pearl Earring | |
---|---|
Auteur | Tracy Chevalier |
Erauskomm | 1999 |
Sprooch | brittescht Englesch |
De Roman spillt zu Delft am 17. Joerhonnert. De Moler Johannes Vermeer muss kucken, dass e mat senger Molerei seng Famill duerchbréngt, wat de gudde Wëlle vu sengem Sponsor, dem Pieter van Ruijven, viraussetzt, dee seng Biller keeft. Hie vermëttelt him eng Déngschtmod, d'Griet, dat sech fir dem Vermeer seng Molerei intresséiert. Hie léisst hatt him bei der Produktioun an der Mëschung vun de Faarfpigmenter eng Hand upaken. De van Ruijven, deen en A op d'Griet geworf huet, freet de Vermeer, e Portrait vum Griet ze molen. De Vermeer deet d'Griet, en Turban an en Ouerrank mat enger Pärel fir de Portrait unzedoen; en Ouerrank, deen dem Vermeer senger Fra gehéiert...
De Roman gouf 2003 mam selwechten Titel verfilmt, an 2008 koum eng Theaterversioun eraus. Den Titel bezitt sech op de wuel bekanntsten Tableau vum Vermeer, Meisje met de parel, deen an de 1660er Joren entstanen ass.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.