From Wikipedia, the free encyclopedia
Gibraltar ass ee brittescht Iwwerséigebitt, bis 1981 als "Krounkolonie" bezeechent, op der ibeerescher Hallefinsel a gehéiert domat zum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland.
Gibraltar | |||||||
| |||||||
National Devise: Nulli Expugnabilis Hosti (Ka vu kengem Feind eruewert ginn) | |||||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||||
Haaptstad: | Gibraltar (Stadstaat) | ||||||
Staatsform: | Iwwerséiterritoire vu Groussbritannien | ||||||
• Kinnek: | Charles III. | ||||||
• Chief Minister: | Fabian Picardo | ||||||
Fläch: | 6,5 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 28 750 | ||||||
• Bevëlkerungsdicht: | 4 423/km² | ||||||
Nationalfeierdag: | 10. September | ||||||
Nationalhymn: | Gibraltar Anthem | ||||||
Wärung: | Gibraltar-Pond | ||||||
Zäitzon: | UTC +1 | ||||||
Internet TLD: | .gi | ||||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+350 |
Gibraltar mécht déi nërdlech Grenz vun der Strooss vu Gibraltar, an ass déi Plaz wou Europa an Afrika am nooste beienee leien.
Gibraltar huet eng Fläch vu 6,543 km² an d'Grenz mat Spuenien ass 1.200 Meter laang.
De Mieresterritoire geet bis op 3 Séimeile virun d'Küst.
Den alen Numm vum Fiels vu Gibraltar ass Calpe. Am Altertum huet e mat sengem nordafrikanesche Géigestéck Abyla déi sougenannt "Saile vum Herakles" gebilt (cf. Strooss vu Gibraltar). Um Wope vu Gibraltar steet de Motto "Montis Insignia Calpe", wat souvill heescht wéi "D'Symbol vum Bierg Calpe".
Commons: Gibraltar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.