From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Gett, méi am Gebrauch ass d'Méizuel Getten, ass e Gezei aus Lieder, Stoft oder syntheeteschem Material fir bei de Mënschen d'Wueden ze protegéieren an/oder ze wiermen.
Dozou gëtt et Spezialgette fir Reider, an d'Gette fir Päerd, fir Verletzungen um ënneschte Been z'evitéieren.
Gette fir déi kal Joreszäit si gefiddert, z. B. mat Schofspelz.
Gette goufe fréier haaptsächlech vu Kutscheren, Fierschteren a Jeeër, Gendaarmen an Zaldote gedroen. Am Laf vum 18. Joerhonnert goufen d'Gette vum Friedrich Wilhelm I. an der preisescher Infanterie agefouert.
A villen aneren Arméie goufen d'Getten och duerno gedroen, goufen awer lues a lues duerch héich Stiwwelen déi sougenannt Bottinnen ersat. D'Infantriste besonnesch vun der franséischer Arméi a vun der englescher Arméi, souwéi vun Arméien déi Uniformen am Stil vun der englescher Arméi gedroen hunn, sinn nach e Strapp nom Zweete Weltkrich mat Getten ausstafféiert ginn. Dozou huet och d'Lëtzebuerger Arméi gehéiert.
Gette kommen an dëse Riedensaarte vir:
Commons: Getten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.