From Wikipedia, the free encyclopedia
Den George Michael, gebuer de 25. Juni 1963 zu Finchley (London) als Georgios Kyriakos Panagiotou, gr.: Γεώργιος Κυριάκος Παναγιώτου, a gestuerwen de 25. Dezember 2016 zu Goring-on-Thames, am Oxfordshire, war e brittesche Sänger, Komponist, Songwriter a Museksproduzent.
George Michael | |
---|---|
Gebuertsnumm | Georgios Kyriacos Panayiotou |
Gebuer | 25. Juni 1963 |
Gestuerwen | 25. Dezember 2016 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Liddermécher, Museksproduzent, Sänger, Lidderschreiwer, Liddertexter, Komponist, Discographesche Kënschtler |
Hien huet 1981 mam Andrew Ridgeley den Duo Wham! gegrënnt (deem seng bekanntst Hitten Wake Me Up Before You Go-Go an Next Christmas waren), an 1987 säin éischte Soloalbum mam Titel Faith erausbruecht, deen deen Album mam gréisste Succès vu senger Carrière gouf.
Hien ass de Komponist vun de Stécker Careless Whisper, Wake Me Up Before You Go-Go a Last Christmas (allen dräi 1984 erauskomm). Zäitliewens goufen iwwer 100 Millioune vu sengen Toundréier verkaf.
Den George Michael huet zwéi Grammy Awards gewonnen.
Commons: George Michael – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.