Remove ads
däitsche Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Georg Heym, gebuer den 30. Oktober 1887 zu Hirschberg (deemools Schlesien) a gestuerwen de 16. Januar 1912 zu Berlin, war en däitsche Schrëftsteller. Hie gëllt als ee vun de wichtegste Lyriker vum fréie literareschen Expressionismus.
Georg Heym | |
---|---|
Gebuer | 30. Oktober 1887 |
Gestuerwen | 16. Januar 1912 |
Doudesursaach | Erdrénken |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Educatioun |
Humboldt-Universitéit Berlin, Friedrich-Schiller-Universitéit |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Romancier, Dramatiker, Juristesche Schrëftsteller |
En ass mat 25 Joer gestuerwen, wéi en e Kolleeg, dee beim Schlittschonglafen an d'Äis agebrach war, rette wollt, a selwer agebrach ass.
De Georg Heym huet ronn 500 Gedichter geschriwwen. Vill vun hinne si bildgewalteg-däischter an holzschnëttaarteg Visioune vu Krankheet, Krich, mënschlechem Zerfall, dem Ënnergang vum Individuum an dem Triumph vun der anonymer Mass (wat spéider als expressionistesch Topoi kategoriséirt gouf), wéi a Berlin oder Der Gott der Stadt. Anerer hu méi liicht, pastoral Sujeten, déi Schéinheet a Grazie erëmspigelen.
Commons: Georg Heym – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.