From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Geneetik beschäftegt sech mat deenen Eegenschaften, déi ierflech sinn. Dëst betrëfft natierlech de Mënsch, mä awer och all Déieren a Planzen, a souguer och d'Bakteerien an d'Viren. De Pater Gregor Mendel war ee vun de Pionéier op dësem Gebitt. Seng Erkenntnesser vun der geneetescher Iwwerdroung vu verschiddenen Eegenschafte bei den Ierbesse gëllen och haut nach als richteg.
D'Geneetik, sou wéi et se haut gëtt, huet an deene leschten 20 Joer ee richtege Boom erlieft, an dat virun allem well zanterhier nei Techniken erfonnt goufen, déi et de Geneetiker erlaben, d'ADN méi genee z'analyséieren. Dës Technike waren d'Basis fir déi haiteg Applikatioune vun der Geneetik, zum Beispill an der Medezin oder an der Kriminalbiologie.
Commons: Geneetik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.