From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gena Dimitrowa, gebuer de 6. Mee 1941 zu Beglej a Bulgarien a gestuerwen den 11. Juni 2005 an engem Spidol zu Milano an Italien, war eng bulgaresch Operesängerin.
D'Gena Dimitrowa huet hir Stëmm, si war dramatesche Sopran, zu Sofia ausbilde gelooss, wou si 1965 hiren éischten Optrëtt am Nationalen Operenhaus hat.
An de Joren drop ass si an deene gréissten Operenhaiser opgetrueden: An der Scala zu Milano, der Opéra de Paris, der Berliner Staatsoper, zu London am Royal Opera House Covent Garden an der The Metropolitan Opera zu New York.
Hir wichtegst Roll war déi vun der "Abigaille" am Giuseppe Verdi senger Oper Nabucco.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.