Ganges (Floss)
Stroum an Indien / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ganges (Sanskrit, f.,गंगा oder गङ्गा, Gaṅga) ass en 2.511 km laange Floss resp. Stroum an Indien an am Bangladesch (Asien). Et ass den hellege Floss vun den Hinduen.
De Ganges entsteet am indesche Garhwal (am Südweste vum Himalaya) duerch den Zesummefloss vum Alaknanda a vum Bhagirathi.
Vun do u fléisst e meeschtens a südëstlecher Direktioun duerch Indien an d'Bengalescht Déifland. Do leeft en dann an de Bangladesch, wou e mam Jamuna, dem Haaptaarm vum Brahmaputra zesummeleeft a vun do u Padma heescht. Zesumme mam dem Meghna mécht en d'Gangesdelta vun enger Längt vun ongeféier 350 km, ee vun de gréisste Mëndungsdeltaen op der Welt. Do gëtt et grouss Mangrovesuppen, déi do Sundarbans genannt ginn. De Meghna leeft dann an de Golf vu Bengalen, deemno an den Indeschen Ozean.
Et ass méiglech, mat Schëffer um Ganges ze fueren, mä dëst huet keng grouss Bedeitung fir de Verkéier allgemeng. De Ganges huet e Baseng vun 1.016.104 km². Wichtegst Stied um Ganges si Kanpur, Varanasi, Patna, Kalkutta a Khulna.
Fir déi meescht indesch Reliounen ass d'Ganga, wéi d'Inder de Ganges nennen, helleg. Dora buede soll d'Leit vun hire Sënne propper wäschen an hinnen Absolution verspriechen. Vill Hindue wëllen am léifste beim Ganges stierwen, soudatt hir Äsche kënnen an de Floss gestreet ginn.