Gabriel Fauré
franséische Komponist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gabriel Urbain Fauré, gebuer den 12. Mee 1845 zu Pamiers am Departement Ariège, a gestuerwen de 4. November 1924 zu Paräis, war e franséischen Organist, Museksenseignant, Direigent a Komponist vu virun allem Vokal-, Pianos- a Kammermusek.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Gabriel Fauré | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gabriel Urbain Fauré |
Gebuer |
12. Mee 1845 Pamiers |
Gestuerwen |
4. November 1924 Paräis |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Universitéitsprofesser, Komponist, Organist, Musikolog, Musekspedagog, Enseignant, Pianist, Kapellmeeschter |
Member vun | Académie des beaux-arts |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Emma Bardac, Marguerite Hasselmans |
Papp | Toussaint Fauré |
Kanner | Philippe Fauré-Frémiet |
Zoumaachen
Hie gëtt zu de wichtegste Komponiste vu senger Generatioun gezielt, a säi musikalesche Stil huet vill Komponisten aus dem 20. Joerhonnert beaflosst. Zu senge bekanntste Wierker zielen Pavane, Requiem, Nocturnes fir Piano, an d'Lidder Après un rêve a Clair de lune.
Säi Stil mécht de Lien tëscht der romantescher Musek an der Modernismus vun der éischter Hallschecht vum 20. Joerhonnert.