![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/46/Joseph_Ducreux_%2528French%2529_-_Self-Portrait%252C_Yawning_-_Google_Art_Project.jpg/640px-Joseph_Ducreux_%2528French%2529_-_Self-Portrait%252C_Yawning_-_Google_Art_Project.jpg&w=640&q=50)
Gaapsen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gaapsen (lat. oscitatio) ass e reflexaartegt Behuelen, dat bei Mënsche a bei villen Déiere virkënnt. Et steet dacks am Zesummenhang mat Middegkeet oder Langweil. D'Gaapse fänkt domat un, datt een déif Loft hëlt, woubäi de Mond grouss opgerappt gëtt, an hält op, andeems een ausotemt an dann de Mond zoumécht. Dat geschitt mat oder ouni Lauter.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/46/Joseph_Ducreux_%28French%29_-_Self-Portrait%2C_Yawning_-_Google_Art_Project.jpg/640px-Joseph_Ducreux_%28French%29_-_Self-Portrait%2C_Yawning_-_Google_Art_Project.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/af/Joseph_Kutter_La_B%C3%A2illeuse_1926.jpg/640px-Joseph_Kutter_La_B%C3%A2illeuse_1926.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/75/Bristol.zoo.lion.yawns.arp.jpg/640px-Bristol.zoo.lion.yawns.arp.jpg)
An der westlecher Kultur ass d'Gaapsen en Ausdrock vu Middegkeet oder Langweil, sou datt a Gesellschaft erwaart gëtt, datt een entweeder d'Hand virun de Mond hält, sech op d'Säit dréint, oder soss sou diskreet wéi méiglech gaapst.
Et ass wëssenschaftlech nach ëmmer net ganz kloer, firwat ee gaapst oder firwat et gutt ass. D'Wëssenschaft vum Gaapsen heescht Chasmologie.
D'Wuert "gaapsen" geet op änlech Wierder fir Spléck oder opgerappt Ëffnung zeréck, sou wéi eeben de Mond beim Gaapsen.
D'Gaapsen ass "ustiechend"; wann een ee gesäit (oder héiert) gaapsen, muss een och.