![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/42/Olympiastadion_1.jpg/640px-Olympiastadion_1.jpg&w=640&q=50)
Frei Otto
däitschen Architekt an Enseignant / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Frei Paul Otto, gebuer den 31. Mee 1925 zu Siegmar a gestuerwen den 9. Mäerz 2015 zu Leonberg, an Däitschland, war en däitschen Architekt, Architekturtheoretiker a Héichschoulenseignant.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Frei Otto | |
---|---|
Gebuer |
31. Mee 1925 Siegmar |
Gestuerwen |
9. Mäerz 2015 Leonberg |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Architectural Association School of Architecture |
Aktivitéit | Architekt, Universitéitsprofesser, Bauingenieur, Schrëftsteller |
Member vun | Akademie der Künste Berlin |
![]() |
Zoumaachen
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/42/Olympiastadion_1.jpg/640px-Olympiastadion_1.jpg)
Hien huet vill am Liichtbau geschafft, mat Netzer aus Stolseeler, Gitterschuelen an änleche Konstruktiounen. Säi bekanntsten Entworf ass dee vum Olympiastadion zu München (1968-1972), dee mat enger Zort Glas-Zelt iwwerdaacht ass. Zesumme mam Richard Buckminster Fuller a mam Santiago Calatrava ass hien ee vun de wichtegsten Vertrieder vun der biomorpher Architektur (organesch Architektur).
De Frei Otto ass nom Gottfried Böhm deen zweeten däitschen Architekt, deen de Pritzker-Präis krut, mat déi wichtegst Architektur-Distinctioun weltwäit.