Foussball-Weltmeeschterschaft 2006
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi 18. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 vun de Männer gouf vum 9. Juni bis den 9. Juli 2006 an Däitschland ausgedroen a vun der italieenscher Nationalmannschaft gewonnen.
32 Mannschafte si fir d'éischt a Gruppen an duerno an Ausscheedungsspiller géinteneen ugetrueden. Am Ganze goufe 64 Matcher gespillt.
Bei der Kandidatur hat sech Däitschland de 6. Juli 2000 géint Brasilien, Marokko, England an zulescht an der Finall mat zwielef zu eelef Stëmme géint Südafrika duerchgesat. Méiglecherweis entscheedent fir d'Stëmmeverhältnis war dobäi e Bestiechungsbréif vum däitsche Satir-Magazin Titanic, deen no der eegener Ausso zur decisiver Stëmmenenthalung vum neiséilännesche FIFA-Vertrieder Charles Dempsey gefouert huet.
D'Motto vun der Kandidatur an der Ennronn heescht: „Die Welt zu Gast bei Freunden“ (A time to make friends) a soll d'Verbonnenheet vun den Däitsche mam Sport an hir Gaaschtfrëndschaft ausdrécken.
Den 1. Februar 2005 huet de Kaartevirverkaf fir d'WM ugefaangen. D'offiziellt Maskottche fir d'WM, e Léiw, gouf den 13. November 2004 virgestallt an heescht Goleo VI. Weider WM-2006-Symboler, déi den Oranisatiounskommitee ëm de Franz Beckenbauer virgestallt huet, sinn den offizielle Logo, deen aus faarwege Gesiichter besteet, an dat offiziellt WM-Plakat (déifblo, mat winzege Stärecher, déi sech zu engem Foussball verbannen).
Kuckt och:Maskottchen, Logo a Plakat.
De FIFA-Konfederatioune-Pokal 2005, deen och an Däitschland war, huet als Generalprouf fir dës Weltmeeschterschaft gegollt.
D'Matcher vun der WM 2006 wäerten op Wuesterrainen (Naturwues) ofgehale ginn. Fir soss all Turnéier- an Qualifikatiounsmatcher op FIFA-Niveau goufen och Konschtwuesbeläg zougelooss, souwäit wéi se de Qualitéitskrittäre vun der FIFA entspriechen. Gespillt gëtt mam offizielle WM-Ball vum bekannte Sportartikelproduzent Adidas mam Numm +Teamgeist™.