![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/33/Fiat_Cinquecento_front_20081127.jpg/640px-Fiat_Cinquecento_front_20081127.jpg&w=640&q=50)
Fiat Cinquecento
From Wikipedia, the free encyclopedia
An den 1992-1998er Joren huet Fiat en neie 500er gebaut, den Cinquecento, deen awer, bis op den Numm, näischt mat sengem legendäre Virgänger ze dinn hat.
![]() |
Dësen Artikel beschreift de Fiat Cinquecento vun 1992. Modeller bis 1976 an no 2007 sinn ënner Fiat 500 erëmzefannen. |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/33/Fiat_Cinquecento_front_20081127.jpg/640px-Fiat_Cinquecento_front_20081127.jpg)
Seng Motorversioune vun 0,7, 0,9 an 1,1 Liter Hubraum an een no deemolegen Ufuerderungen uspriechendem Design hunn aus dem Cinquecento een Auto mat eegestännegem Image gemaach. D'Mall vum klengste Fiat huet 170 Liter, mat ëmgeklappte Récksëtzer léisst se sech awer op 810 Liter vergréisseren.
Den Nofollger gouf de Seicento (600), deen technesch um Cinquecento baséiert. De Fiat Seicento gëtt nach haut produzéiert.
De Fiat Cinquecento gouf haaptsächlech zu Tychy bei Krakau a Pole gebaut an et sinn iwwer eng Millioun Exemplare vum Band gelaf, déi et a verschiddene Versiounen ze kafe gouf.
Dëst weist sech och doran, datt vill Tuningfirmen Interessen um Cinquecento fonnt hunn, wat fir e Klengstauto net selbstverständlech ass.
Verschidden Agrëffer vun dësen Tuner hunn den Cinquecento schonn op 75 kW (102 PS) mat Turbolueder beim 1108 cm³ Modell bruecht - mat Stroossenerlaabnes.