Feierdag
Dag vun engem zivillen oder reliéise Fest op deem net geschafft gëtt / From Wikipedia, the free encyclopedia
E Feierdag ass en Dag vun engem zivillen oder reliéise Fest oder op deem un en Evenement erënnert gëtt.
Et ass gemenkerhand en Dag op deem net geschafft gëtt. All Kulturen a Vëlker feiere reegelméisseg bestëmmt Evenementer vu gesellschaftlecher oder reliéiser Bedeitung. Déi Deeg sinn dacks duerch d'Gesetzer vun den eenzele Länner festgeluecht. Et schwätzt een da vu gesetzleche Feierdeeg.