D'Scheekefriichten (och: Fabaceae oder Leguminosen) sinn eng Famill vun de Bléieplanzen.
Ierbessen | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Ënnerklass | Rosidae |
Uerdnung | Fabales |
Famill | Scheekefriichten |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Fabaceae | |
Lindl. | |
Caesalpinioideae Mimosoideae Faboideae |
Si hunn hiren Numm vun der "Scheekefruucht", engem Fruuchttyp deen an allen Ënnerfamillen an nëmmen do virkënnt. Wa sou eng Scheekefruucht zeideg ass, da geet se meeschtens un der Bauch- a Réckennout op. Bei verschiddene Mimosoideae kënnen och e puer Friichten zu enger Sammelfruucht vereent sinn.
Bekannt Beispiller aus där Famill sinn d'Bounen, d'Ierbessen, d'Lënsen, mee och d'Kakuetten.
Systematik
Vun de Gattunge steet hei just eng Auswiel.
- Famill Scheekefriichten
- Ënnerfamill Caesalpinioideae
- Ënnerfamill Mimosoideae
- Gattung Akazien (Acacia)
- Gattung Mimosen (Mimosa)
- Gattung Mesquiten (Prosopis)
- Ënnerfamill Faboideae
- Gattung Aspalathus mat der Aart Rooibos (A. linearis)
- Gattung Clianthus mat der Aart Clianthus formosus
- Gattung Phaseolus mat der Aart Gaardeboun (P. vulgaris)
- Gattung Glycyrrhiza mat der Aart Séissholz (G. glabra)
- Gattung Glycine mat der Aart Sojaspross (Glycine max)
- Gattung Ierbessen (Pisum)
- Gattung Kléi (Trifolium)
- Gattung Äerdnëss (Arachis) mat der Aart Kakuett
- Gattung Käicher (Cicer) mat der Aart Käicher (C. arietinum)
Um Spaweck
Commons: Scheekefriichten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.