From Wikipedia, the free encyclopedia
An der Astrophysik bezeechent een als Farwen-Hellegkeets-Diagramm (kuerz FHD) en zweedimensionaalt Diagramm, an deem d'visuell Hellegkeete vu Stäre géint e sougenannte Faarfindex opgedroe gëtt. Kuckt och ënner Hertzsprung-Russell-Diagramm.
Well déi visuell Hellegkeet vun engem Stär allerdéngs vu senger Distanz ofhänkt, ass sou een Diagramm nëmmen da physikalesch sënnvoll, wann d'Stären,déi observéiert ginn, ongeféier déi selwecht Distanz hunn. Dofir gi Faarwen-Hellegkeets-Diagrammer virun allem zum Studium vun oppene Stärekéip, Kugelstärekéip an noen, d. h. an Eenzelstären opléisbaren, Galaxië gebraucht.
Gréisst Verbreedung huet dat Faarwen-Hellegkeets-Diagramm, bei deem d'Hellegkeete vum BV-System zugrond geluecht ginn, an d'Giek-Hellegkeet V (V fir visuell) iwwer dem Faarfindex B−V , dat heescht der Differenz vun der Blo-Hellegkeet B zu der Giel-Hellegkeet, opgedroe gëtt (kuckt d'Bild). Dëst d'Diagramm huet zudeem de Virdeel, datt et een dem Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) änlech Struktur besetzt, bei deem d'absolut Hellegkeet iwwer dem Spektraltyp opgedroe gëtt. Besonnesch weist d'Haaptrei en änleche Verlaf, ass allerdéngs jee no Distanz vun der Stäregrupp vertikal verréckelt. Donieft dauchen an engem FHD vun enger Stäregrupp net onbedéngt all Stärentyppen op, d. h. bestëmmt Beräicher bleiwen am Verglach zum Standard-HRD eidel.
Deen am leschten Ofsaz ugeschwatene Verglach mat dem HRD weist onmëttelbar Méiglechkeete vum FHD-Gebrauch op.
Beim uewe beschriwwene Gebrauch vum FHD gëtt zugrond geluecht, datt de B−V -Faarfindex distanzonofhängeg ass. Dëst schéngt ufanks plausibel, well et sech ëm d'Differenz vun zwou visuellen Hellegkeeten handelt, an dës sollt beim éischten Hikucken tatsächlech distanzonofhängeg sinn. D'Realitéit gesäit awer anescht aus, well mat zouhuelender Distanz gëtt d'Faarf vun de Stäre duerch den interstellare Stëbs ëmmer méi rout. Et nennt een dofir d'Differenz tëscht dem gemoossene B−V -Faarfindex an dem tatsächleche Faarf-Exzess.
Well de Faarf-Exzess relativ onofhängeg vun der Wellelängt ass, bewierkt hien haaptsächlech eng einfach Verrécklung vum (B−V)-Achsendiagramm. Well d'Haaptrei am FHD allerdéngs bal riicht verleeft, léisst sech dës Verrécklung an der Geometrie vum Diagramm net ofliesen, well et bleift onkloer, ob den Diagramm duerch de Faarf-Exzess no riets verréckelt ass, oder ob et distanzofhängeg no uewe verréckelt ass.
Duerch zousätzlech Auswäertung vun engem Faarwen-Faarwen-Diagramm, bei deem den U-B-Faarfindex iwwer dem B−V -Faarfindex opgezeechent gëtt, léisst sech de Faarf-Exzess allerdéngs bestëmmen. Den typesche Verlaf vun der Haaptrei an dësem Diagramm ass eng staark gewellte Linn. D'Wellen entstinn duerch d'Ofwäichung vun der Schwaarzkierperstralung, besonnesch duerch de sougenannte Balmer-Sprong. Dofir léisst sech an dësem Diagramm de Faarf-Exzess ermëttelen, woubäi fir déi béid Exzesser E(B−V) an E(U-B) ongeféier den Zesummenhank
besteet.
Geneesou léisst sech déi interstellar Extinktioun AV, déi d'Verdäischterung vun de Stäre duerch den interstellare Stëbs beschreift, als Funktioun vum Faarf-Exzesses schreiwen:
mat der richtungsofhängeger Gréisst a sou aus dem FHD eliminéieren.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.