Faarf (Heraldik)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Faarf ass an der Heraldik d'faarflecht Attribut vun engem Fong, Feld oder aneren Element vun engem Wopen. Well dobäi Kontrasträichtem gefuerdert ass komme fir d'heraldesch Faarwe just e puer der a Fro vun de Millioune Faarftéin déi et gëtt.
D'heraldesch Faarwe kann een an dräi Gruppen andeelen:
- D'Emailer, déi haaptsächlech bestinn aus Blo, Rout, Schwaarz a Gréng;
- D'Metaller, déi haaptsächlech bestinn aus Sëlwer a Gold;
- D'Metaller, déi haaptsächlech bestinn aus Hermelin a Feh.
Obwuel d'Faarf eng wichteg Charakteristik ass, gesäit ee se net bei Wopen déi op engem Sigel oder engem Geldstéck sinn, an och d'Wopen déi a Stee gehaen oder an Holz geschnëtzt si sinn net ëmmer bemoolt. Dowéinst goufe fir déi monochrom Duerstellung vun engem Wope verschidde Systemer erfonnt, dat gebräichlechst ass dat mat konventionelle Schraffuren déi d'Faarwe representéieren.
Wann d'Wopen da gefierft ass, da sinn et gemenkerhand gesiedegt Faarftéin. Mee well d'Faarfnuancen an d'Hellegkeet jee no Interpretatioun changéiere kënnen, oder mat der Zäit ausblatzen oder ofgewäsch kënne ginn, ass et wichteg bei der Blasonéirung e rigorose Code ze gebrauchen, an net eng Kéier "Rosa" an dann nees "Scharlach" an eng aner Kéier "Bluttrout" schreiwen. Op Lëtzebuergesch gëtt dofir bestänneg "Rout" gesot, de Fransousen an den Englänner hire Code ass méi speziell a reng an der Heraldik ze fanne well si soe bestänneg "gueules" respektiv "gules" fir déi Faarf.