F. Scott Fitzgerald
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Francis Scott Key Fitzgerald, gebuer de 24. September 1896 zu St. Paul, Minnesota a gestuerwen den 21. Dezember 1940 zu Hollywood, Los Angeles, war en US-amerikanesche Schrëftsteller, deen haut zu deene wichtegesten amerikaneschen Auteure vum 20. Joerhonnert gezielt gëtt. Hien huet 5 Romaner geschriwwen (dee leschte koum posthum eraus) an eng sëllege Kuerzgeschichten.
F. Scott Fitzgerald | |
---|---|
Gebuer |
24. September 1896 Saint Paul |
Gestuerwen |
21. Dezember 1940 Hollywood |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Princeton Universitéit |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Novellist, Dréibuchauteur |
Scho säin éischte Roman, This Side of Paradise (1920 erauskomm) war e grousse Succès. Mat senger Fra Zelda Sayre zesummen hu si an den 1920er Joren a Saus a Braus gelieft, zum Deel zu Paräis an op der Côte d'Azur, a meeschtens iwwer hir Verhältnesser; an et gouf vill Interviewen a Reportagen iwwer si, soudatt si an der US-amerikanescher Ëffentlechkeet als eng Zort Ikone vun hirer Zäit gesi goufen. Mä an den 1930er Joren ass den F. Scott Fitzgerald ëmmer méi an de Vergiess geroden, wat och domat se dinn hat, dann hien Alkoholiker war a seng Fra psychesch krank. Den F. Scott Fitzgerald ass 1940 mat nëmme 44 Joer gestuerwen.
An den 1940er Jore gouf hien erëmentdeckt, an eng Rëtsch Filmer a Kuerzgeschichte vun him goufe verfilmt. Seng zwee wichtegst Romaner sinn The Great Gatsby (1925) an Tender is the Night (1934). Doran huet de Fitzzgerald sech mat Theeme wéi Dekadenz, Idealismus, Resistenz géint Verännerungen, absënns där sozialer, auserneegesat a sou en akkurate Portrait vun de sougenannte amerikanesche Roaring Twenties ausgeschafft, an deenen de wirtschaftleche Wuesstem, Prohibitioun, Kriminalitéit, Jazz a Flapperen am Mëttelpunkt stoungen.