Fëmmen ass de Konsum, duerch Inhaléiere vum Damp vu gedréchente Planzendeeler, speziell vum Tubak oder vum Haschisch, déi an enger Päif, Waasserpäif, Zigarett oder Zigar verbrannt ginn.
Den Damp deen doduerch produzéiert gëtt ass gesondheetsschiedlech, souwuel fir de Konsument wéi och fir d'Leit ronderëm. De Lëtzebuerger Gesondheetsministère schätzt, datt zu Lëtzebuerg all Woch 11 Fëmmerten un de Follge vum Tabagissem stierwen, an all Joer 500-600 Leit. Am Verglach dozou: 36 Affer[Wéini ?] vun déidleche Verkéiersaccidenter.
No der international gëlteger Klassifikatioun vu Krankheeten, ICD-10, ass d'Nikotinofhängegkeet eng Krankheet, an zwar an der Kategorie F17.2.
Commons: Fëmmen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.