Eurovision Song Contest 2012
From Wikipedia, the free encyclopedia
De 57. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 22. a 24. Mee, a seng Finall de 26. Mee 2012 an der Crystal Hall an der aserescher Haaptstad Baku. Presentateure waren den Eldar Qasımov, d'Leyla Aliyeva an d'Nargiz Berk-Petersen.
57. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Light your Fire! |
Datum | 22., 24. a 26. Mee 2012 |
Stad | Baku (Aserbaidjan) |
Gebai | Baku Crystal Hall |
Gewënner | Loreen (Schweden) |
Zuel vu Länner | 42 |
Moderatioun | Eldar Qasımov, Leyla Aliyeva an Nargiz Berk-Petersen |
Interval Act | Finall: Emin Ağalarov |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder. |
Lëtzebuerg huet scho wéi déi 18 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Andorra, Polen, Tschechien, Armenien a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Kaliopi fir d'Republik Mazedonien 1996 (Qualifikatiounsronn), de Jónsi fir Island 2004, de Željko Joksimović fir Serbien 2004 (Serbien-Montenegro) an den Duo Jedward fir Irland 2011.
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Joer Aserbaidjan.
Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi souwuel fir d'Halleffinalle wéi och fir d'Finall benotzt ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Baku matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Schweden, d'Loreen mam Lidd Euphoria mat 113 Punkte Virsprong virum Grupp Buranowskije Babuschki (Russland). Euphoria krut mat 372 Punkten déi zweethéchste Punktzuel an der Geschicht vum ESC, no den 387 fir dem Alexander Rybak säi Lidd Fairytale am Joer 2009. Déi drëtt Plaz krut de Željko Joksimović, dee fir Serbien ugetruede war.
Fir Schweden war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.