Europäeschen Ombudsmann
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Europäeschen Ombudsmann (oder Mediateur) ass de Vermëttler tëscht den europäesche Bierger an den europäeschen Institutiounen. All Bierger, all Entreprise, a jiddwereen, deen an engem EU-Land säi Wunnsëtz huet, ka bei him eng Plainte areechen, wann e fënnt, datt eng vun dësen Institutiounen net rechtméisseg oder net reglementär gehandelt huet.
Seng Funktioun gouf duerch den Traité iwwer d'Europäesch Unioun ("Traité vu Maastricht") 1992 agefouert. Den europäeschen Ombudsmann gëtt op fënnef Joer vum Europäesche Parlament gewielt. Zanter 2013 ass dat d'Emily O'Reilly. Hire Virgänger war, vun 2003 bis 2013, den Nikiforos Diamandouros.