Euphemismus
From Wikipedia, the free encyclopedia
Euphemismus (v. Griich.: eu pheme - "gutt/schéi schwätzen") bezeechent Wierder oder Formuléierungen, déi eng Situatioun méi schéi wéi a Wierklechkeet, onkenntlech oder voiléiert duerstellen. De Géigendeel ass d'Pejoratioun oder ofwäertend Bezeechnung.
Déi linguistesch Theorie vun der Euphemismus-Trietmille seet viraus, datt all Euphemismus iergendwann déi negativ Bedeitung vu sengem Virgängerausdrock unhuele wäert, soulaang déi tatsächlech Verhältnesser sech net veränneren.