From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eta-Aquaride sinn e Meteorstroum, deen en all Joer am Mee ka gesinn. Si stame vum berüümte Koméit Halley of. Zanter zwee Joerdausende gëtt dee Koméit schonn observéiert. Den Numm "Aquaride" geet op déi laténgesch Bezeechnung vum Stärebild Aquarius zeréck.
Eta-Aquariden | |
---|---|
Aktivitéitszäitraum | 19. Abrëll - 28. Mee |
Aktivitéitsmaximum | 6. Mee |
Radiantepositioun vum Maximum | RA: 22h 32m DE: -1° |
ZHR | 60 |
Populatiounsindex | 2,4 |
geozentresch Vitess | 66 km/s |
D'Eta-Aquaride si vu Mëtteleuropa aus nëmme kuerz virun der Schummerecht ze gesinn. Well hire Radiant nëmmen eng kleng Héicht iwwer dem Horizont erreecht, hunn d'Meteore vun den Eta-Aquariden e flachen Antrëttswénkel an d'Atmosphär, wouduerch d'Meteorbunnen um Himmel méi laang wéi gewéinlech erschéngen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.