![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3b/Ernst_Haeckel_1860.jpg/640px-Ernst_Haeckel_1860.jpg&w=640&q=50)
Ernst Haeckel
däitschen Zoolog a Philosoph / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ernst Heinrich Haeckel, gebuer de 16. Februar 1834 zu Potsdam a gestuerwen den 9. August 1919 zu Jena, war en däitschen Naturwëssenschaftler a Philosoph.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Ernst Haeckel | |
---|---|
![]() Portrait vun 1860 | |
Gebuertsnumm | Ernst Heinrich Philipp August Haeckel |
Gebuer |
16. Februar 1834 Potsdam |
Gestuerwen |
9. August 1919 Jena |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Kinnekräich Preisen |
Educatioun | Humboldt-Universitéit Berlin |
Aktivitéit | Biolog, Dokter, Zoolog, Philosoph, Naturalist, Ekolog, Ornitholog, Universitéitsprofesser, Ichthyolog, Botaniker, Explorateur, Fotograf, Schrëftsteller |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia delle Scienze di Torino |
![]() |
Zoumaachen
Den Haeckel huet Medezin op den Universitéiten zu Berlin, Würzburg a Wien studéiert. 1857 huet hie promovéiert an e Joer méi spéit säi Staatsexame gemaach. Hie gouf 1861 Professer fir Anatomie zu Jena a krut do 1865 e Léierstull an der Zoologie bis 1909.
Nodeem hien 1860 e Wierk vum Charles Darwin iwwer d'Entstoe vun den Aarte gelies hat, gouf hien e begeeschterten Unhänger vun der Evolutiounstheorie. 1866 huet hien den Darwin perséinlech kennegeléiert an huet seng Aarbecht der Evolutiounstheorie ugepasst.
Den Ernst Haeckel huet de Begrëff Ekologie an d'Welt gesat.