Ernest H. Shepard
engleschen Zeechner / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ernest Howard Shepard, gebuer den 10. Dezember 1879 zu London (St. John's Wood, City of Westminster) a gestuerwen de 24. Mäerz 1976 zu Midhurst am West Sussex, war en engleschen Zeechner.
Den Ernest H. Shepard huet fir de Magazin Punch geschafft. Hien ass besonnesch bekannt als Illustrator vum A. A. Milne senge Wierker Winnie-the-Pooh an The House at Pooh Corner (1928).