From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Entwécklungshëllef, oder Entwécklungszesummenaarbecht versteet een dat gemeinsaamt Beméie vun den Industrielänner fir an Entwécklungslännner d'Differenzen an der sozioökonomescher Entwécklung an an den allgemenge Liewensbedingunge weltwäit dauerhaft a wierksam ofzebauen.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europäesch Zesummenaarbecht um Gebitt vun der Entwécklung huet mat de Yaoundé-Ofkommessen, déi tëscht der deemoleger Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft an hire fréiere Kolonien ofgeschloss gi waren, ugefaangen. Si hunn den Opbau vun enger fräier Handelszon virgesinn a goufe spéider duerch d'Lomé-Ofkommes an duerno duerch d'Cotonou-Ofkommes ofgeléist, dat fir méi eng laang Dauer - zwanzeg Joer mat enger Iwwerpréiwung vun de Vertragsklauselen all fënnef Joer.
1992 gouf dat Europäescht Amt fir humanitär Hëllef (ECHO) geschaf, fir méi séier an op eng méi flexibel Manéier humanitär Hëllef bei Katastrophen- an Noutfäll ze leeeschten. ECHO schafft mat méi wéi 200 Partner zesummen, déi e Partnerschaftsvertrag mat der EU-Kommissioun ënnerschriwwen hunn.
Zanter 2001 ass d'Europäescht Amt fir Zesummenaarbecht (EuropeAid) déi zentral Plaz fir déi praktesch Realisatioun vun der europäescher Entwécklungspolitik. EuropeAid verwalt d'Programmer an d'Projeten an allen Entwécklungslännner. D'Presidentschaft vun EuropeAid huet den EU-Kommissär fir Aussebezéiungen, an d'Duerchféierung de Kommissär fir d'Entwécklung:
2007 hat d'Hëllef, déi vun EuropeAid verdeelt gouf, e Volume vu 6,7 Milliarden Euro. Dat waren 11,3 % vun all Entwécklungshëllef op der Welt.
Op europäeschem Plang muss een nach déi Hëllef derbäizielen, déi déi eenzel EU-Memberlänner ginn. Sou kënnt een op 60 % vun der weltwäiter Entwécklungshëllef am Ganzen. Zum Verglach: Den USA hiren Undeel ass 21 %.
Déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef, verglach mam lëtzebuergesche Brutosozalprodukt, huet 2009 en international staark beuechte Spëtzenniveau vun iwwer engem Prozent erreecht, wéi aus dem follgenden Tableau ervirgeet. Domat ass Lëtzebuerg mat Holland an de skandinavesche Länner Dänemark, Norwegen a Schweden eent vu just fënnef Länner weltwäit déi méi wéi 0,7 % vum hirem BSP fir Entwécklungshëllef ausginn. Just Norwegen gëtt nach méi fir Entwécklungshëllef, a Verglach zu sengem BSP, aus.[1]:
Evolutioun vun der lëtz. Entwécklungshëllef, verglach mam BSP, a % (2000-07)[2] | |||
---|---|---|---|
Joer | Entwécklungshëllef an € | BSP an € | Verhältnes a % |
2000 | 133.433.659 | 19.170.400.000 | 0,70 |
2001 | 155.128.137 | 20.050.300.000 | 0,77 |
2002 | 155.735.183 | 19.897.900.000 | 0,78 |
2003 | 171.677.042 | 20.028.000.000 | 0,86 |
2004 | 188.981.534 | 23.987.300.000 | 0,79 |
2005 | 207.387.692 | 26.006.900.000 | 0,80 |
2006 | 231.510.318 | 25.799.600.000 | 0,90 |
2007 | 275.135.892 | 30.158.300.000 | 0,91 |
2008 | 287.679.785 | 29.753.900.000 | 0,97 |
2009 | 297.817.177 | 26.793.200.000 | 1,11 |
2010 | 297.817.177 | 27.730.962.000 | 1,09 |
|
|
|
|
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.