From Wikipedia, the free encyclopedia
Endemismus ass e Fachausdrock aus der Biologie oder Biogeographie a beschreift den Ëmstand, datt et e Liewewiesen nëmmen op enger ganz bestëmmter Plaz gëtt. Dat ass e Phenomeen, deen ee virun allem op isoléierte Plaze fënnt. Dobäi kann et sech ëm Inselen handelen, wéi z. B. d'Galápagosinselen, awer och ëm Hielen oder Biergregiounen, well och déi deemno méi schwéier z'erreeche sinn. Et schwätzt een awer och op Kontinenter vun Endemitten, wéi zum Beispill de Koala an Australien.
Endemismus ass proportionell zur Isolatioun: Wat eng Plaz méi ofgeleeën a schwéier erreechbar ass, ëmsou méi Endemismus kann observéiert ginn.
Zu Lëtzebuerg gëlle follgend Aarten als endeemesch:
Commons: Endemismus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.