Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Elara (och Jupiter VII) ass den zweetgréisste vun de baussenzegen oder irreguläre Mounde vum Planéit Jupiter.
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 11.741.000 km |
Periapsis | 9.188.500 km |
Apoapsis | 14.293.500 km |
Exzentrizitéit | 0,2174 |
Ëmlafzäit | 259,64 Deeg |
Ëmlafvitess | 3,25 km/s |
Inklinatioun | 26,627° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 86 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 16,32 |
Entdeckung | |
Entdecker | C. D. Perrine |
Entdeckungsdatum | 2. Januar 1905 |
Den Elara gouf den 2. Januar 1905 vum Astronom Charles Dillon Perrine um Lick-Observatoire zu San Jose a Kalifornien) entdeckt.
De Mound gouf no der Elara, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt. Den offiziellen Numm krut de Mound Elara am Joer 1975, virdru gouf en als Jupiter VII bezeechent.
Den Elara kreest ronderëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 11.741.000 km an 259,64 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,22 an ass mat 26,6° géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, deen ongeféier mat dem Bunnplang vum Jupiter zesummefält, gebéit.
Duerch seng Bunneegenschafte gëtt hien der Himalia-Grupp, genannt nom Jupitermound Himalia, zougerechent.
Den Elara huet e mëttleren Duerchmiesser vun 86 km. Seng Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut ass. Hien huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04 op, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 16,3m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.