Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg
Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg gouf vun der Société des Chemins de fer Prince-Henri, kuerz PH oder de Prënz genannt, als eegleiseg Streck gebaut. Si ass 20,390 Kilometer laang a leeft haaptsächlech op de Gemengegrenzen. Deemools wollt keng Gemeng den Damp an de Stëbs an hiren Uertschaften. Zanter Dezember 2012 ass se zweegleiseg.
Séier Fakten Linnennummer, Besëtzer ...
Linnennummer | 7 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 20,40 km |
Gréisst Steigung | 10 ‰ |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | duebelgleiseg |
Zoumaachen