![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/14/Egon_Schiele_photo.jpg/640px-Egon_Schiele_photo.jpg&w=640&q=50)
Egon Schiele
éisträichesche Moler / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Egon Leo Adolf Ludwig Schiele, gebuer den 12. Juni 1890 zu Tulln an der Donau, Nidderéisträich a gestuerwen den 31. Oktober 1918 zu Wien, war en éisträichesche Moler deen zum Stil vum Expressionismus gezielt gëtt. Hie gëtt, nieft dem Gustav Klimt an dem Oskar Kokoschka, zu engem vun de gréisste Kënschtler vun der Wiener Moderne gezielt.
Egon Schiele | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Egon Leo Adolf Ludwig Schiele |
Gebuer | 12. Juni 1890 |
Gestuerwen |
31. Oktober 1918 Wien |
Doudesursaach | Spuenesch Gripp |
Educatioun | Akademie der bildenden Künste Wien |
Aktivitéit | Moler, Graveur, Zeechner, Fotograf, Architekt, Sculpteur |
![]() |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ea/Egon_Schiele_074.jpg/640px-Egon_Schiele_074.jpg)
Hien ass scho mat 16 Joer op d'Akademie der Bildenden Künste zu Wien opgeholl ginn, wou en awer no zwee Joer d'Flemm krut a mat anere Kommilitonen d'Neukunstgruppe gegrënnt huet. Hien huet 1907 säin éischten Atelier opgemaach an 1908 eng éischt Kéier bei enger Ausstellung matgemmach. Iwwer de Konschtkritiker Arthur Roessler huet hien d'Konschsammler Carl Reininghaus an Oskar Reichel kennegeléiert, déi et him erméiglecht hunn, Commanden ze kréien, a vu senger Konscht kënnen ze liewen.
1911 ass e mat senger Frëndin Wally Neuzil, dat dacks fir hie Modell gestanen huet, op Krumau geplënnert, wou seng Mamm hierkoum, spéiderhin op Neulengbach, an 1912 hannescht op Wien. Dank dem Gustav Klimt konnt en do, trotz sengem schlechte Ruff - datt en onbestuet mat senger Frëndin gekummert war, huet vill Leit net gepasst, a wéinst senge villen Nuen hat en e Ruff als Pornograph - séier nees Fouss faassen. 1913 gouf e Member vum der Bund Österreichischer Künstler. 1914 goufe, ouni säin Accord, Gedichter vum Schiele an der Fackel verëffentlecht. Bis 1916 huet hien e puermol theoreetesch a literaresch Texter an der Berliner Zäitschrift Die Aktion erausbruecht.
1915, huet hie seng Frëdin Edith Harms bestuet, déi vun him verlaangt huet, hie sollt sech vum Wally Neuzil ewechhalen. Hien ass an d'Arméi agezu ginn, wou en Bürosaarbecht huet misse maachen, ma och am Militärgeschichtleche Musée eng Ausstellung organiséieren duerft.
Nom Doud vum Gustav Klimt am Februar 1918 ass de Schiele an der Wiener Konschtszeen séier geklommen; sou war déi 49. Ausstellung vun der Wiener Secession him dediéiert, an hien huet do 19 grouss Uelechtableauen an 29 Zeechnungen ausgestallt. Mee schonn am Hierscht ass hien der Spuenescher Gripp, sou wéi och seng Fra, zum Affer gefall.