Dräilännereck bei Schengen
geographesche Punkt op der Musel, wou d'Grenze vun Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg openee stoussen / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dräilännereck bei Schengen ass dee Punkt wou déi däitsch, lëtzebuergesch a franséisch Grenz zesummekommen. Et ass gläichzäiteg d'Grenz tëscht der Lëtzebuerger Gemeng Schengen, der däitscher Gemeng Pierel an der franséischer Gemeng Opech. Dat däitscht Bundesland dat d'Grenz op där Plaz bilt ass d'Saarland, an dat franséischt Departement ass d' Museldepartement.
Séier Fakten Land, Vewaltungseenheet ...
Dräilännereck bei Schengen | |
---|---|
Vu op den Dräilännereck | |
Land | Frankräich |
Vewaltungseenheet |
Pierel Opech Schengen |
Héicht | 141,48 |
Koordinaten |
49° 28’ 10.10’’ N 06° 22’ 02.0’’ O |
Zoumaachen
De gemeinsame Grenzpunkt mat Frankräich ass an der Mëtt vun der Musel, eng ronn 240 Meter flossop vun der Schengener Bréck um Kanalkilometer 242,20 op der Héicht vun der Ausfaart vun der Schleis vun Opech.