Verwaltung vum lëtzebuergesche Finanzministère From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Administration des douanes et accises, oder kuerz d'Douane, ass nieft der Steierverwaltung (Administration des contributions directes), dem Enregistrement (Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA) an dem Kadaster (Administration du cadastre et de la topographie), eng Verwaltung, déi dem Finanzministère ënnersteet.
Administration des douanes et accises | |
---|---|
Logo vun der Lëtzebuerger Douane | |
Douane | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Zoll |
Leedung | Alain Bellot |
Verwaltungssëtz | Hamm |
Adress |
22, rue de Bitbourg L-1273 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Finanzministère |
Um Spaweck | https://douanes.public.lu |
An der Zäit wou Lëtzebuerg Member vum däitschen Zollveräin war (18. Februar 1842 - 30 Dezember 1918)
Duerno a bis zur Kreatioun vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun:
No der Kreatioun vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun:
D'Douane ass eng Verwaltung déi souwuel fiskal (= Erhiewe vu Steieren respektiv Taxen) wéi och net-fiskal Aufgaben huet.
D'Douane erhieft Zollsteiere fir d'Europäesch Unioun (EU) op Wueren, déi aus Net-EU-Länner iwwer Lëtzebuerg an den Europäesche Bannemaart importéiert ginn. Tëscht de Länner vun der EU brauch zanter 1968 keen Zoll méi bezuelt ze ginn.
Den Zoll gëtt vun der EU per Reglement festgeluecht a gëtt an der gesamter Europäescher Unioun d'selwecht erhuewen. 25 % vum Zoll däerf Lëtzebuerg hale fir d'Onkäschte vum Ophiewe vun de Steieren ze decken. Déi aner 75 % ginn an de Budget vun der Europäescher Unioun.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Zanter dem 4. Februar 2008 ass den Alain Bellot Direkter vun der Douanes- an Akziseverwaltung[3].
Commons: Administration des douanes et accises (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.