![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d5/Dominique_de_Villepin_%25282010%2529.jpg/640px-Dominique_de_Villepin_%25282010%2529.jpg&w=640&q=50)
Dominique de Villepin
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dominique Marie François René Galouzeau de Villepin, gebuer de 14. November 1953 zu Rabat am Marokko, ass e franséischen Diplomat, UMP-Politiker, Schrëftsteller an Affekot.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Dominique de Villepin | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Dominique Marie François René Galouzeau de Villepin |
Gebuer | 14. November 1953 |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Institut d'études politiques de Paris, Universitéit vu Paräis, École nationale d'administration, Universitéit Panthéon-Assas |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Schrëftsteller, Affekot |
Partei | Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République |
Famill | |
Kanner | Marie Steiss |
![]() |
Zoumaachen
Hie war ë. a. Premierminister vu Frankräich vum 31. Mee 2005 bis de 15. Mee 2007.
Hien ass besonnesch duerch seng Ried vum 14. Februar 2003 bekannt ginn, wéi e virum UNO-Sécherheetsrot den US-Amerikaner, déi een UNO-Mandat wollte kréien, fir iwwer den Irak hierzefalen, ee Kuerf ginn huet. Den amerikaneschen Aussemisister Colin Powell hat do - wéi spéider och bewisen - falsch "Beweiser" produzéiert an domat behaapt, de Saddam Hussein hätt Massevernichtungswaffen, déi praktesch d'ganz Welt géife bedreeën.