Secondairesschoul zu Dikrech From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée classique de Diekirch (LCD) ass en ëffentleche lëtzebuergesche Lycée, deen am Oktober/November 1830 zu Dikrech vum Abbé Pierre Stehres gegrënnt gouf.
Dikrecher Kolléisch (LCD) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Dikrech |
Leedung | Marcel Kramer |
Schülerzuel | 1.215 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | Oktober 1830 |
Grënner | Pierre Stehres |
Genannt no | Dikrech |
Um Spaweck | http://www.lcd.lu/ |
De Lycée besteet aus dem ale Gebai bei der Dikrecher Gare an zanter 1971 aus engem zweeten, dem "neie" Gebai, bei der Sportshal an der Rue Joseph Merten.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
An de leschte Joren ass am ale Gebai vill renovéiert ginn. Am Joer 2009 hu Renovatiounsaarbechten am neie Gebai ugefaangen.
Am neie Gebai sinn d'Schüler vu VIIe bis VIe a vu 7e bis 9e technique (sämtlech Voies pédagogiques). Am ale Gebai sinn déi méi al Schüler, also vu Ve bis Ire. Zu Miersch si jeeweils déi dräi éischt Joren aus dem Régime secondaire classique an technique, an zousätzlech de Régime préparatoire.
Direkter ass de Marcel Kramer. Directeurs adjoints sinn de Frank Eyschen an de Frank Colabianchi.
Am Kader vun de Comenius-Projete vun der Europäescher Gemeinschaft waren an de leschte Joren Echangë mat Schoule vu verschiddene Länner, ë. a. mat Frankräich (Gradignan, Nanzeg, Quimper), Portugal (Braga), Däitschland (Dresden, Mönchengladbach, Biesdorf), Belsch (Neerpelt, Büllingen), Holland (Valkenswaard), Italien (Lodi), der Tschechescher Republik (Šternberk), Dänemark (Nakskov) a Rumänien (Sibiu). Eng Dose Mathésschüler konnten am November 2006 un engem Schüleraustausch mat Sfax an Tunesien deelhuelen.
Zanter 1998 organiséiere Professere vum LCD déi national Mathematiks-Olympiade vu Lëtzebuerg a preparéieren déi erfollegräichst Schüler vum Land an Trainingscamps op hir Participatioun un der Internationaler Mathematiks-Olympiad. An de Joren 2011, 2015 an 2018 huet den LCD d'Benelux-Mathematik-Olympiad (BxMO) organiséiert.
Commons: Lycée classique de Diekirch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.