![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8e/Latin_letter_%25C4%2584%25CC%2584%25CC%2581.svg/langlb-640px-Latin_letter_%25C4%2584%25CC%2584%25CC%2581.svg.png&w=640&q=50)
Diakritescht Zeechen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Diakritesch Zeechen (och Diakritikum, Pl. Diakritika, aus dem Griicheschen διακρίνειν „auserneenhalen“) si kleng Zeechen, déi op oder ënner engem Buschtaf ubruecht sinn, wéi z. B. Punkten, Kreepercher, Strécher oder Kreesser. Si kënnen entweeder d'Betounung uweisen, oder awer d'Aussprooch vun engem Buschtaf änneren, resp. a Kombinatioun mat engem Buschtaf fir e Laut gebraucht ginn, fir deen et keen eegene Buschtaf gëtt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8e/Latin_letter_%C4%84%CC%84%CC%81.svg/640px-Latin_letter_%C4%84%CC%84%CC%81.svg.png)
Hire Gebrauch ka sech vu Sprooch zu Sprooch änneren (z. B. markéiert den Accent aigu a bestëmmte Sproochen e betounte Vokal, woubäi en an aneren d'Qualitéit vun der Aussprooch ännert (vgl. z. B. am Franséischen "regarde" vs. "regardé"). Jee no der Sprooch gi (verschidde) Buschtawe mat diakriteschen Zeechen als eege Buschtawen ugesinn oder och net.