Diabetes mellitus
From Wikipedia, the free encyclopedia
Et gëtt zwou Zorten Diabetes mellitus, op Lëtzebuergesch och nach Zockerkrankheet oder Diabeetes genannt: Typ 1, deen nëmme 5 % vun den Diabeetiker betrëfft a gemenkerhand schonn a ganz jonkem Alter optrëtt, an den Typ 2, dee meeschtens méi spéit eréischt optrëtt an dee ganz dacks mat Iwwergewiicht a Verbindung bruecht gëtt. Eng vun den Haaptcharakteristike vun der Zockerkrankheet ass – wéi den Numm et seet – een ze héijen Zockergehalt am Blutt vum Patient. Normalerweis ass den Insulin zoustänneg dofir datt den Zocker dee mir iessen oder deen eise Kierper fabrizéiert vum Blutt a verschiddenen Organer opgeholl a verschafft gëtt: virun allem am Muskel, de Fettzellen an an der Liewer.
![]() |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |