Delta IV
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Rakéitefamill Delta IV stellt déi modernst Versioune vun zanter 1960 startenden Delta-Rakéiten duer. Delta IV entstoung am Kader vum EELV-Programm (Evolved Expendable Launch Vehicles) vun den USAF zu der Entwécklung vu modulare Rakéitentyppen, déi souwuel déi liicht Delta II, déi mëttelschwéier Atlas II an d'Atlas III wéi och déi schwéier Titan IV ersetze sollten. D'Delta-IV-Famill gouf vu Boeing entwéckelt a steet elo an direkter Konkurrenz zu där och am Kader vum EELV-Programm stoender Atlas-V-Rakéitefamill vu Lockheed Martin.
Am Géigesaz zu Delta II an III, déi allebéid op der Delta I als éischt Stuf opgebaut goufen, och wann déi stänneg weider modifizéiert gouf, gouf fir d'Delta IV eng komplett nei éischt Stuf entworf, déi vun engem och neientwéckelten Rakéitendreifwierk RS-68 vu Rocketdyne ugedriwwe gëtt. Déi éischt Stuf krut den Numm Common Booster Core (CBC) a bilt d'Grondlag fir all Versioune vun der Delta IV. Ofhängeg vun der CBCs-Zuel kann tëscht de Versiounen Delta IV Medium an Delta IV Heavy ënnerscheet ginn.
Am Ament gi vu Boeing fënnef verschidde Versioune vun der Delta-IV-Rei ugebueden, véier dovun sinn an der Medium-Klass an eng ass d'Heavy-Variant. Den éischte Start vun enger Mediumvariant war den 20. November 2002 an den éischte Start vun der Heavyversioun war den 21. Dezember 2004.