Dawn (Raumsond)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Dawn (englesch fir Mueresschummerecht) ass eng Raumsond vum Discovery-Programm vun der NASA, déi den Asteroid Vesta an den Zwergplanéit Ceres noeneen ëmkreesen an erfuersche soll. D'Sond gouf vun der Orbital Sciences Corporation gebaut an ass déi éischt Sond, déi Erfuerschunge vun Objeten an der Haaptasteroidenceinture als Haaptaufgab huet.
Méi Informatiounen Raumsond Dawn ...
Raumsond Dawn | |||
---|---|---|---|
Missioun | Erfuerschung vum Asteroid Vesta an dem Zwergplanéit Ceres | ||
Drorakéit | Delta-II-7925H-9.5-Rakéit | ||
Optrag vun der | NASA | ||
COSPAR-Bezeechnung | 2007-043A | ||
Startmass | |||
Start | 27. September 2007 | ||
Startplaz | LC-17 | ||
Enn vun der Missioun | Juli 2015 (Enn vun der Primärmissioun) |
Zoumaachen
D'Missioun gëtt vum Jet Propulsion Laboratory geleet, an d'University of California bekëmmert sech ëm d'wëssenschaftlech Projetsféierung. D'total Käschte gi vun der NASA mat 357,5 Milliounen US-Dollar chiffréiert. Dovun entfalen 281,7 Milliounen Dollar op d'Entwécklung an de Bau vun der Sond a 75,8 Milliounen Dollar op de Fluchbetrib.