lëtzebuergesche Komponist a Sänger From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Daniel Balthasar, gebuer 1980, ass e lëtzebuergesche Komponist a Sänger.
Daniel Balthasar | |
---|---|
Gebuer | 1980 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Als gudde Sänger ass den Daniel scho jonk am Kannerchouer Allegro vu Sandweiler opgefall.
Hien huet am Conservatoire an der Stad Saxophon, Piano a Gei geléiert. D'Gittarspillen huet hie sech autodidaktesch bäibruecht. Duerno huet en op der Universitéit zu Stroossbuerg Musekwëssenschaft studéiert.
1999 ass den Daniel Balthasar bei déi alternativ Band Blue Room gestouss, wou hien nieft dem Jim Brimeyer (Bandleader) als 2. Songwriter gewierkt huet. Aner Membere vun der Band sinn de Jean-Claude Birkel (Bass), de Michael Parsons (Drums, 1998 bis 2000) an de Michel Mootz (Drums). En éischten Album "Private Stuff" ass 2001 erauskomm. Den Daniel Balthasar ass nach ëmmer Member vun der Band Blue Room, och wann et an de leschte Jore méi roueg ëm se ginn ass.
2003 huet den Daniel Balthasar e Soloalbum produzéiert. "Fingerprints" ass an de WPA Studioen opgeholl ginn an ass iwwer Nuecht e grousse Succès op den nationale Radiosendere ginn. Dat huet eng ganz Rei Diere fir den Daniel Balthasar opgemaach.
Bestäerkt duerch den Erfolleg vu sengem éischten Album, huet hien 2005 ënner dem WPR Label den Album "Outlines" opgeholl, deen a 6 Länner verkaaft gouf.
2008 huet hien zesumme mat senger Band "The Blue Clusters" den Album "Palpitations" an Däitschland opgeholl. Dësen drëtten Album gouf erëm vum Daniel Balthasar selwer produzéiert. Gemixt gouf e vum Werner Pensaert (K's Choice, U2...) an zu Antwerpen bei Serendipitous gemastert.
Enn 2010 kënnt dem Daniel Balthasar säin 4. Studiosalbum "walk under water" eraus. Dorop sinn 11 nei Stécker, déi stilistesch immens ënnerschiddlech sinn: vu rockege Stécker iwwer intim akustesch Stécker bis hin zu méi experimentelle Stécker, déi an d'Richtung orchestral bis elektronesch verwise kënne ginn. Sou ass "walk under water" wuel säin ofwiesselungsräichsten Album bis elo. Um Album ass och ee Stéck dat den Daniel Balthasar mat der Sarah Bettens, Sängerin vun der international bekannter Band K's Choice, opgeholl huet.
Als Komponist huet den Daniel Balthasar fir 2014 de Soundtrack fir de Film Heemwéi geschriwwen.
De Stil vum Daniel Balthasar léisst sech am beschten als "Independent Rock" beschreiwen, dat heescht Rock-Musek ouni den Zwang gewësse Genre-Konventiounen anhalen ze mussen. Deels roueg, deels rockeg, ëmmer mat engem Schwéierpunkt op der melodescher Entwécklung, sinn dem Daniel Balthasar seng Lidder Stëmm- a Gittar-orientéiert Stécker mat deels extravaganten Arrangementer (Cello, Vibraphone, Sträicher, Melotron...), déi duerch hir Agängegkeet an Einfachheet bestiechen. All Stécker vu sengen Albume stamen aus senger Fieder (Musek, Arrangement an Text).
Den Numm vu senger Band, déi et zanter November 2005 gëtt, ass aus engem Witz entstanen. E setzt sech zesummen aus dem Ufank vu Blue Room an dem Ufank vu Cluster5. Dat kënnt dohier, well 2 vun de Memberen och bei Blue Room aktiv sinn, an 3 anerer bei der Band Cluster5. "The Blue Clusters" ass domat och net den offiziellen Numm vum Daniel Balthasar senger Band, éischter e klengen Insider-Witz, dee sech am Laf vun der Zäit verselbstännegt huet. Am Oktober 2011 as de Marc Welfringer zu der Band gestouss.
Band-Memberen:
Nieft dem Sangen hält den Daniel Balthasar zanter 2008 och Musekscoursen am Atert Lycée zu Réiden op der Atert.
Mat Blue Room
Solo-Alben
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.