Dance With Me
From Wikipedia, the free encyclopedia
Dance With Me ass den drëtte Studiosalbum vun der amerikanescher Popsängerin Debelah Morgan. En ass de 15. August 2000 erauskomm. Déi éischt Single Dance With Me war e weltwäiten Hit an huet d'Top Ten an den USA an a Groussbritannien an d'Top 20 a villen europäesche Länner erreecht. Als zweet Single gouf e Remix vum Lidd I Remember vum Hitproduzent Rodney "Darkchild" Jerkins verëffentlecht, déi awer net de selwechten Erfolleg hat.
Séier Fakten Studioalbum[*] vun Debelah Morgan, Erauskomm ...
Dance With Me | |
---|---|
Studioalbum[*] vun Debelah Morgan | |
Erauskomm | 2000 |
Genre | Popmusek, Contemporary R&B |
Label | Atlantic Records[*] |
Offiziell Websäiten | |
![]() |
Zoumaachen
No Dance With Me huet d'Debelah Morgan nach e puer Lidder fir verschidde Filmsoundtracke bäigesteiert an duerno nëmmen nach Gospelalbumen opgeholl.
Den Album gouf vu der Sängerin selwer an hirem Brudder Giloh Morgan produzéiert.